Sajeva Rita
Sajeva Rita

Sajeva Rita

D'Rita Sajeva ass zu Bagheria op Sizilie gebuer. No hirem Studium un der Konschtakademie zu Palermo an engem Ofschloss an der Architektur vun der Universitéit vu Palermo huet si als Professer fir Konscht a Konschtgeschicht geschafft. 1989 léiert si de Luigi Mormino kennen, en Editeur, Fotograf, Journalist a Konschtkritiker, dee si an de lëtzebuergeschen an europäesche Konschtmilieu aféiert. Si frënnt sech och u mat Kënschtler wéi de Lucien Wercollier, Jean Leyder, Jannot Bewing, Assadour, asw. Zanter 1991 stellt si hir Skulpturwierker - haaptsächlech aus Marber, Bronze a Murano-Glas - reegelméisseg zu Lëtzebuerg an an Italien aus. Si widmet sech och dem Zeechnen, der Illustratioun an der Molerei. D'Nathalie Becker beschreift si esou: „Hir Aarbecht spigelt hiert Liewen als Fra erëm. Et spiert een däitlech d'Allusiounen op d'Léift, d'Mammsinn an de Mammeschouss eraus. D'Rita Sajeva léisst hir Emotiounen direkt an hir Wierker afléissen. Puer, glat, sënnlech, bal eng Opfuerderung fir ze heemelen. All dat gëtt contrebalancéiert duerch d'Kraaft, déi vun de Bronzeskulpturen ausgeet, an déi eis däitlech mécht, datt d'Rita Sajeva mat deem schafft, wat si an hirem Déifste beweegt: hir Weiblechkeet“.
Photo : ©Rita Sajeva
CORPO IN ATTESA 
2021
Fusion à la cire perdue, bronze
20 x 22,8 x 20 cm

Photo : ©Rita Sajeva CORPO IN ATTESA 2021 Fusion à la cire perdue, bronze 20 x 22,8 x 20 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter