Sarah Meyers & Laura Fügmann
Sarah Meyers & Laura Fügmann

Sarah Meyers & Laura Fügmann

 

D'Sarah Meyers an d'Laura Fügmann sinn d'Grënnerinne vu Meyers&Fügmann, engem Studio fir Textil- a Produktdesign zu Lëtzebuerg an zu Berlin. Déi zwou Frae hu sech während hire Studien am Textil- an Uewerflächendesign op der Konschtschoul Weissensee zu Berlin kenne geléiert; si hunn 2015 hiren Diplom um Sandberg Instituut (Gerrit Rietveld Academie vun Amsterdam) kritt. Fir hire Master "Utopie vun de Materialien" hu si mat Glas, Keramik, Plastik, Holz a Metall experimentéiert. Zënter 2012 schaffe si als Freelance fir de Jongeriuslab zu Berlin.

D'Aarbecht mat der Hand beaflosst a leet hiren Design. Si versichen ëmmer, d'Parameteren an déi verschidden Etappe vun der Transformatioun vun de Materialien am Laf vum Fabrikatiounsprozess an hir Aarbecht afléissen ze loossen.

Hir Experimenter sinn déi wierklech Ausléiser vun hiren Iddien. Si hunn Iwwerraschunge gär, déi aus de Materialien oder am Laf vun der Fabrikatioun entsprange kënnen, woubäi si se als iwwerraschende Bestanddeel vun hirem Design ugesinn. 2017 hunn déi zwou Kënschtlerinnen de Luxembourg Design Award fir hire Projet Couleurs-sur-Sûre kritt, e Projet, deen deelweis schonn 2016 bei der éischter "De Mains de Maîtres"-Ausstellung gewise gouf. Mat hirer "DMdM" - Bourse konnte si am Juni 2018 sechs Woche laang a Kënschtlerresidenz op Jingdezenh goen, fir d'Fabrikatioun vu chineeseschem Porzelläin ze entdecken.

Si kreéiere Vasen an aner dekorativ Objeten, déi mat der Hëllef vu lokalen Handwierker finaliséiert ginn.  


 

PHOTO: ©Meyers & Fügmann
Couleurs-sur-Sûre, Genista, 2016, couverture tissée,
100 % laine vierge teintée, L 220 x l 16 0 cm, pièce limitée

PHOTO: ©Meyers & Fügmann Couleurs-sur-Sûre, Genista, 2016, couverture tissée, 100 % laine vierge teintée, L 220 x l 16 0 cm, pièce limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter