Satoshi Okamoto
Satoshi Okamoto

Satoshi Okamoto

Vun 1998 bis 2001 léiert den Okamoto Satoshi mat der Glasmécherpäif ëmzegoen, a suivéiert eng Formatioun op der Meisei-Universitéit a Japan. No sengem Ofschloss an der Glaskonscht sammelt hie wärend 2 Joer vill Erfarung als Assistent beim japanesche Glasmeeschter Ito Kenji. Duerno reest hien a Frankräich, fir seng Recherchen an der Konscht ze verdéiwen, säi kreative Geescht weiderzeentwéckelen a seng Aarbecht an Europa virzestellen. 2008 decidéiert de Satoshi, säin Atelier zu Reuilly, matten am Berry, ze installéieren. De Satoshi realiséiert Skulpture mat ënnerschiddleche Formen aus Glas, dat bei iwwer 1150 Grad geschmolt gëtt. Bei senger Sich no originelle Matièrë spillt hie mat de Kontraster tëschent rauer, stompeger Opacitéit a glater, blénkeger Transparenz. Hien huet eng Superpositiounstechnik erfonnt, déi hien als Eenzege praktizéiert: Bei senger Aarbecht alternéiert hien déck Placken aus Sëlwer mat faarwege Schichten aus pulveriséiertem Glas. No engem Bakprozess am Uewen, dee bis zu zéng Deeg dauere kann, schneit hie verschidde Beräicher mam Diamant un, sou datt beim Poléieren déi eenzel Schichten a Réng mat ënnerschiddleche faarwege Beräicher zum Virschäi kommen. Dës Technik ass um Verschaffe vum Holz inspiréiert, bei där och d'Wuesstemsréng vum Bam sichtbar ginn.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter