Serge Ecker et Misch Feinen
Serge Ecker et Misch Feinen

Serge Ecker et Misch Feinen

De Misch Feinen beschäftegt sech mat ge- a verbauter Landschaft, Industriegeschicht an Architektur, duerch Zeechnen, Photographie an Installatiounen aus Stol. Dobäi entstinn och multidisziplinär Installatiounen tëscht Klang a Matière. Doniëwt ass hien Perkussionist a Batteur a verschiddene Musiksprojet'en an och am Theaterberäich ënnerwee. Fir kollektiv Projeten engagéiert hien sech am DKollektiv an am FerroForum. “De Serge Ecker, 1982 zu Esch/Uelzecht gebuer, lieft a schafft zu Lëtzebuerg an zu Berlin. Hien ass ausgebilt an digitaler Bildbeaarbechtung a Spezialeffekten an interesséiert sech fir d’Duerstellung vum Reellen duerch de Prisma vun den neien Technologië. Heibäi ass et virun allem den urbane Raum, deen him et ugedoen huet. En hëlt ganz Ensemblen a setzt se nei zesummen (Visit Luxembourg! LUX-PVG, Vis à vis, Welcome to Schengen) oder konzentréiert sech op architektonesch Detailer, déi riskéieren zerstéiert ze ginn oder an de Vergiess ze geroden oder iwwer déi ee ganz einfach soss ewechkuckt (Serie re-space/revisit, Shades). Seng Demarche bei der Skulptur vun der Melusina ass d'selwecht: De Mythos vun der legendärer a geheimnisvoller Figur gëtt gelëft, andeems en en dekonstruéiert a rekonstruéiert an en als déi eege Synthees erëm operstoe léisst. De Serge Ecker erfaasst a synthetiséiert dat Reellt, stellt d’Authentizitéit a Fro, heiansdo mat zyneschem Ënnertoun. Wat bleift vum Objet, deen agefaange gouf, nom multimedialen Transfer Reell-Virtuell-Reell?”– Didier Damiani, critique et historien de l’art.
Photo : ©Serge Ecker
HUMPEN 
2021
Fonderie Massard Kayl
Fonte
19 x 20 x 16 cm
Édition de 20 pièces numérotées

Photo : ©Serge Ecker HUMPEN 2021 Fonderie Massard Kayl Fonte 19 x 20 x 16 cm Édition de 20 pièces numérotées

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter