Serge & Franziska Goedert
Serge & Franziska Goedert

Serge & Franziska Goedert

Franziska a Serge Goedert, 1979 respektiv 1975 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm, si Kreateure vu Bijouen. Si hu sech zu Idar-Oberstäin an Däitschland während hire Studien zum Bijoutier/Joaillier kennegeléiert. Si hunn eng regelrecht Passioun fir Edelsteng an all hire Faarwen, Gréissten a Formen entwéckelt. No enger weiderer Formatioun betreffend all Zorte vun Edelstäng, hu si 2002 decidéiert, e gemeinsamen Atelier a Buttik am Häerz vun der lëtzebuerger Haaptstad opzemaachen.


D’Franziska an de Serge sinn diploméiert Kreateuren, déi Eenzelstécker vun héigher Qualitéit mat klorem Design a perfekter Mise en Valeur vun den Edelstäng hirstellen. D’Inspiratioun fir d’Form an d’Nuancë vun d’Bijouen zéien d’Franziska an de Serge aus dem Zesummespill vu Faarwen a Gréisste vun den Edelstäng.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Indian Summer, 2015, Or jaune 18 kt, 2 tourmalines 6,
08 ct et diamant 0,10 ct, H 26,3 x L 27,5 x l 25,5 cm,
pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Indian Summer, 2015, Or jaune 18 kt, 2 tourmalines 6, 08 ct et diamant 0,10 ct, H 26,3 x L 27,5 x l 25,5 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter