Stegmann Diana
Stegmann Diana

Stegmann Diana

D'Diana Stegmann interpretéiert mat kreativem Virwëlz eng vun den eelsten Handwierkstechniken, nämlech d'Kierfmécherei. Fir si geet d'Weideflechterei wäit iwwer déi gewinnte Funktionalitéiten eraus. Hir Objete kombinéieren op eng exzellent Manéier dat traditionellt Handwierk mat moderner Konscht. Iwwer déi lescht Jore goufen dem Diana Stegmann seng Wierker mat deenen héchsten Auszeechnunge fir aussergewéinlech handwierklech Leeschtunge geéiert. All eenzelen Objet zeechent sech duerch en enormen Knowhow an héich Materialästhetik aus. Déi geflechte Gesamtform vum Kierper ass a sech organesch a fléissend a kombinéiert de Kontrast vun enger duusser Flechtform mat enger ongewéinlech pickeger Baussefläch. D'Diana Stegmann ass eng Virtuosin an der Flechtkonscht, déi si am Kader vun hirer Ausbildung un der staatlecher Beruffsfachschoul zu Lichtenfels erléiert huet. „D'Wuert „Kuerf“ deit ze vill op d'Verwendung vum Objet hin - mir geet et an éischter Linn ëm d'Material, mat deem ech schaffen: d'Weid.“ Beim Choix vum Material konzentréiert d'Diana Stegmann sech op d'Weiderutten, déi traditionell an Europa virkommen a verschafft ginn. An trotz dem erstaunleche Spektrum u Faarwen an hiren Objete benotzt si se nëmmen an onbehandelter Form.“
Photo : ©Diana Stegmann
BASKET WAVE DARK 
2018
Saules non pelés de différentes couleurs
65 x 67 cm

Photo : ©Diana Stegmann BASKET WAVE DARK 2018 Saules non pelés de différentes couleurs 65 x 67 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter