Stine Bülow
Stine Bülow

Stine Bülow

D’Stine Bülow, 1975 zu Kopenhagen an Dänemark gebuer, schléisst hir Formatioun als Goldschmatt 2000 of. Si schafft ee Joer laang beim George Jensen fir sech dann an engem zweete Joer bei Aargaard an der manueller Finitioun vu Goldschmattpiècë weiderzebilden. Si mécht hiren eegenen Atelier 2002 an Dänemark op, ier se sech 2009 zu Lëtzebuerg etabléiert. Fir d’éischt schafft si an engem kollektive Kënschtleratelier, 2016 mécht si dann an der Stad en eegenen Espace création op.


Déi verschidde Goldzorten, Steng a Pärele sinn der Stine hir Liiblingsmateralien. All Bijou ass eng eege Kreatioun, deen no den Handwierkstechnike vum Goldschmatt realiséiert gëtt. Déi Approche, déi en zimlech “réien” Aspekt an der Finitioun vun de Piècë gëtt, deet der ganz femininer Allure , déi vun hire Kollektiounen ausgeet, keen Ofbroch. Et ass dee subtilen Equiliber, dee jidder  eenzelnem vun hire wäertvolle Bijouen eng richteg Perséinlechkeet gëtt.

PHOTO: © Iben Kaufmann
Renert, 2015, bague à tête de renard en argent, or 18kt,
diamant en coeur de 1.0ct et deux diamants 0.02ct,
pièce unique

PHOTO: © Iben Kaufmann Renert, 2015, bague à tête de renard en argent, or 18kt, diamant en coeur de 1.0ct et deux diamants 0.02ct, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter