Unger Arthur
Unger Arthur

Unger Arthur

Den Arthur Unger gouf den 11. Juli 1932 zu Lëtzebuerg gebuer. Passionéiert vun Afrika a senge Kulture verbréngt hie vun 1956 un e puer Joer am fréiere belsche Kongo a bereest méi spéit eng Rei vu westafrikanesche Länner. Säi Wierk ass staark vu sengen Erfarungen an Afrika am Kontakt mat ongewinnten Traditiounen a Landschafte gepräägt. 1970 entwéckelt hien eng ganz nei Feiermoltechnik op dënnen elektrolytesche Kofferplacken, déi hie „Pyrochimiogrammen“ nennt. Den Arthur Unger ass e Materialkënschtler an e Moler aus der informeller Konschtrichtung. 1970 begéint hien zu Paräis dem grousse Konschtkritiker Michel Tapié, deen hien och ausstellt an him 1980 eng Konschtmonographie widmet. 1983 léiert hien de Paräisser Konschthistoriker Ante Glibota kennen, deen him seng grouss Ausstellungen organiséiert, dorënner besonnesch seng retrospektiv Muséesausstellungen zu Peking, Shanghai a Shenzhen. En huet him och e puer Wierker gewidmet, a speziell e bibliophiilt Buch mam spueneschen Dichter an Dramaturg Fernando Arrabal. Dem Arthur Unger seng Wierker goufen an iwwer 80 Expositiounen ausgestallt (Europa a Volleksrepublik China). 1974 gouf hien zu Lëtzebuerg mam Prix du Grand-Duc an 2017 a China mam Phoenix Art Price ausgezeechent. Hie lieft a schafft zu Lëtzebuerg.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter