Yvette Gastauer-Claire
Yvette Gastauer-Claire

“Yvette acquires experience in the work of modelling, moulding and restoration of monumental pieces, working for the Historic sites and monuments.”

Yvette Gastauer-Claire

D’Yvette Gastauer-Claire, 1957 zu Esch/Uelzecht gebuer, huet am Lycée des Arts et Métiers, Sectioun Beaux-Arts zu Lëtzebuerg studéiert. Si war och Elève libre am Skulpturatelier vum Camille Nocher. Vun 1980 bis 1984 huet si an de staatleche Muséeën am Restauratiounsatelier geschafft. Si ass Chargée de cours fir Erwuessener an der Skulptur a gëtt och Coursë fir sehbehënnert Kanner am Institut pour Déficients Visuels zu Lëtzebuerg. Si schafft an hirem Atelier zu Schëffleng.


D’Yvette huet fir d’Sites et Monuments an engem Privatatelier fir Moulagë geschafft an do vill Erfarunge gesammelt, wat d’Realisatioun vu Modelageaarbechten, Moulage a Restauratioun vu Monumentalwierker ubelaangt. Ofgesi vu villen ëffentleche Skulpturen huet si déi Lëtzebuerger Face vun den Euromënzen entworf grad wéi vill kommemorativ an numismatesch Piècë vun der groussherzoglecher Famill.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Le bonheur en état durable, 2016,
terre cuite patinée sur socle en bois (chêne),
H 74,5 x L 18,5 x l 17,5 cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Le bonheur en état durable, 2016, terre cuite patinée sur socle en bois (chêne), H 74,5 x L 18,5 x l 17,5 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter