Maïté Schmit
Maïté Schmit

“ Si huet de professionelle Wee vun enger Bijoutière ageschloen, huet an der Belsch Technike vun der traditioneller Joaillerie studéiert.”

Maïté Schmit

D’Maïté Schmit ass a Kolumbien gebuer an ass zu Lëtzebuerg opgewuess, wou Sie nach ëmmer liewt. Et ass och hei am Land wou Sie eng Passioun fir Bijouen entwéckelt huet. Sie huet Joaillerie geleiert an huet sech weider forméiert an verschiddene Länner an dei spezifesch Stylen an Techniken vun deenen. Nodeem Sie vill berufflech Erfahrungen an der Auerenindustrie (Patek Philippe, Rolex, Hublot, Chanel) an a verschiddenen Goldschmaddatelieren gesammelt huet, huet Sie 2018 hir eegen Mark «Maïté Jewelry » gegrënnt. Mat hieren Kreatiounen erméiglecht Sie en Abléck an hier Welt als Kënschtler an schaaft Stecker dei eenzegarteg sinn an dei d’Leit an hierem Sinn a Wiesen begleeden, siew et als Bijou oder als Konschtobjet.

Dëst Joer huet d’Kënschtlerin verschidden Ornamenter aus Messeng fir Männerkierperen entworf. D’Maïté stellt schonn zanter 2018 Bijoue fir Männer hier, awer nach ni Ornamenter, eng natierlech Entwécklung vun hirer Konscht an zugläich e komplexen Exercice, fir deen ee vill Fantasie brauch, fir sech un déi ënnerschiddlech Perséinlechkeeten unzepassen.

Paving the future 3, 2023, Laiton et ruban noir,21cm largeur 54cm hauteur 1cm profondeur, Photo portrait : Kyrstina Dul et Keven Erickson, Photo oeuvre : Marlee Dos Reis, Modèle Photo : L.I.L STAR

Paving the future 3, 2023, Laiton et ruban noir,21cm largeur 54cm hauteur 1cm profondeur, Photo portrait : Kyrstina Dul et Keven Erickson, Photo oeuvre : Marlee Dos Reis, Modèle Photo : L.I.L STAR

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter