Marc Hubert
Marc Hubert

Marc Hubert

De Marc Hubert ass bei den "Compagnons du Devoir du Tour de France" ausgebilt ginn, wou hien déi gemeinschaftlech a mënschlesch Wäerter vum Compagnonnage kenne geléiert huet. No senger Léier huet hien op wichtege Chantieren zu Paräis geschafft wéi um Pont Neuf oder an der Basilique Saint-Denis... Seng Loscht fir ze reese huet hien an de Maroc geféiert, wou hien als Formateur bei der Conservatioun- Restauratioun vun de Festungsmauere vun Essaouira dobäi war. Begeeeschtert vum Savoir-faire, der Präzisioun an der Ästhetik vun der Aarbecht vun den ägyptesche Baumeeschteren, ass de Marc e puer Joer an Ägypten bliwwen an huet do am Tempel vu Karnak geschafft.

2006 huet hien am Pays de la Loire Verzierungs-a Skulpturaarbechte realiséiert an huet un der Conservatioun-Restauratioun vun der fréierer Zistenser Abtei vu Bellebranche, déi am Joer 2015 als schéinste Gîte vu Frankräich ausgezeechent gouf, matgeschafft. 2016 huet hie sech zu Lëtzebuerg installéiert, zesumme mat senger lëtzebuergescher Liewensgefäertin a Restauratrice vu Konschtwierker, der Elisabeth Koltz, déi hien an Ägypten kenne geléiert hat. Zesumme grënne si les Ateliers du Luxembourg, eng Plattform fir Konschthandwierker an de Patrimoine.

Divina Clavis, 2023, Albâtre blanc, L 34 x Prof.25 x Ht 25, 21kg, Photo oeuvre : Elisabeth Koltz, Photo portrait : Flavie Hengen

Divina Clavis, 2023, Albâtre blanc, L 34 x Prof.25 x Ht 25, 21kg, Photo oeuvre : Elisabeth Koltz, Photo portrait : Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter