Marc Raimbault
Marc Raimbault

“Bei senger Sich no Perfektioun huet de Konschtschräiner d’Verbindung gär tëscht der réier Matière, dem Gebrauch vun einfache Volumen a vu sobere Linnen, dat Ganzt an enger Millimeterpräzisioun.”

Marc Raimbault

De Marc Raimbault gét sei Wee zënter méi wéi drësseg Joer [ a sengem Atelier zu Grez-Neuville a Frankräich. Seng Aarbecht ] gehéiert zu enger sekulärer Traditioun. Seng Recherche, sou banal a  sou aussergewéinlech se och ass, bréngt hien op Aenhéicht mat den Essenze vun den Hëlzer (Palissander, Akazien, Ebenholz vu Macassar …) an aner Matièren, déi grad sou wäertvoll sinn (Fëschlieder, Pergament,  Kuel, …). All  eenzel  Matière ass wéi eng Quell vu Liewen, aus där Miwwelen a Konschtobjeten entstinn, et sinn Objete vun engem neien Ufank, déi Zyklen ukënnegen, Liewen anhauchen, do wou Dreem ufänken.


Bei senger Sich no Perfektioun huet de Konschtschräiner d’Verbindung  gär tëscht der réier Matière, dem Gebrauch vun einfache Volumen a vu sobere Linnen, dat Ganzt an enger Millimeterpräzisioun. Mee d’Demarche vun dësem aussergewéinleche Kënschtler geet doriwwer eraus.  Säi Wierk ass och eng Manéier, fir dat Onsichtbart ze ëmräissen, fir enger ënnerlecher Visioun Form ze ginn. Beim Marc Raimbault  gesäit een an all Wierk d’Häerz vu senge Gedanken. E Konschtobjet ze kreéieren heescht eng Experienz vun der Welt erzielen.

PHOTO: © Benoît Martin
Bois II, 2015, Ébène de Macassar, métal laitonné, hêtre laqué,
H 109,5 x L 340 x l 56,5 c, pièce unique

PHOTO: © Benoît Martin Bois II, 2015, Ébène de Macassar, métal laitonné, hêtre laqué, H 109,5 x L 340 x l 56,5 c, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter