Massimo Savo
Massimo Savo

Massimo Savo

De Massimo Savo, gebiertegen Italiener, realiséiert seng Instrumenter am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng. Nodeem hie säi Bac op der École supérieure d’Artisanat IPSIA gemaach huet, huet hie sech bei Konschtschräiner an Italien spezialiséiert an huet un engem Laboratoire fir Dréitechniken un der Schoul « La Malaspina di Viterbo » deelgeholl. Zënterhier entwerft hien eenzegaarteg Percussiounsinstrumenter an enger handwierklecher Traditioun, op der Hand gemaach, andeems hien déi eelsten Technike fir Schräinerei a Konschtschräinerei uwent. No villen Aarbechtsstonne mat den Hänn an einfachem Handwierksgeschir transforméiert d’Holz sech an en eenzgaartegt Museksinstrument. De Massimo vermëscht artistesch Erfarung an handwierklech Kompetenzen. Sou huet hien eng Speziell Gamm vu klengen Trommelen (snare drum) fir klassesch Musek op Ufro vu Kënschtler entworf, déi hire musikalesche Wee sichen an déi hinnen et erlaaben, d’Performanz am Orchester ze garantéieren. All eenzel Coque huet e speziellen Timber mat extreem sensibelen a kräftege Finitiounen. All Percussionist fënnt seng Ästhetik an e perséinlechen Toun erëm, well all Instrument op der Hand gemaach ass an no senge Wënsch kreéiert gëtt


 

Minett Trommel, 2023, Bois et métal, 40x21cm, Photo portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre : By SM

Minett Trommel, 2023, Bois et métal, 40x21cm, Photo portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre : By SM

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter