Mazzariol Mirella
Mazzariol Mirella

Mazzariol Mirella

D’Mirella Mazzariol ass an Italie gebuer, wou si Architektur, Illustratioun an d’Konscht vun der Goldschmaddaarbecht studéiert. Eng Zäit schafft si als Architektin an Italien a geet dono op Hongkong, London a Lëtzebuerg, wou se Zeechen- a Keramikcoursë beleet. Si schafft gär mat verschiddene Materialien: Keramik, Parzeläin, Sëlwer, Koffer, Email, Metalldrot, Stoft, Plastikoffall wéi recycléiert Netzer, Muschelen asw.

D’Geschmeidegkeet vum Buedem huet hir eng enorm Palett un Ausdrocksméiglechkeeten erméiglecht. Mat den Hänn probéiert si, hire Gefiller, Liewenserfarungen, allem, wat an hir schafft, am Leem Ausdrock ze ginn.

Fir d’Mirella ass d’Konscht noutwenneg, fir d’Welt ronderëm eis duerzestellen, net nëmmen an engem bestëmmten historeschen Zäitraum, mee och an dësem prezise Moment. Et ass nëmmen duerch d’Kenntnes vun de Meeschterwierker an der Konscht, déi fréier Zivilgesellschaften eis hannerlooss hunn, datt mir hir Denkweis an hir sozial, kulturell, ökologesch an ökonomesch Verflechtunge kënne verstoen. Der Kënschtlerin hiert Zil ass deemno, d’Bezéiungen, déi an eiser Gesellschaft entstinn, mat hire Wierker ze beschreiwen, Wierker, déi dacks aus recycléierte Materialie bestinn, déi si am Laf vun der Zäit fonnt oder gesammelt an da gehalen huet, oft ouni spezifesche Grond, mee déi hir zum richtege Moment hëllefen, hir Kreativitéit mat Enthusiasmus, Engagement, positiver Liewensastellung an Humor ze stimuléieren.

Totem Lamp, 2023, Céramique, fer et branchemant éléctrique avec ampoule LED, H. 178 cm  base pentagonale : 20cm de côté, Photo portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre : Cristina Picco

Totem Lamp, 2023, Céramique, fer et branchemant éléctrique avec ampoule LED, H. 178 cm base pentagonale : 20cm de côté, Photo portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre : Cristina Picco

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter