Metzler Michel
Metzler Michel

Metzler Michel

De Michel Metzler ass 1992 zu Lëtzebuerg gebuer.
 No sengem Ofschloss an der “Fräi ëffentlech Waldorfschoul Lëtzebuerg”, wou seng Kreativitéit an seng Faszinatioun fiert d'handwierklecht Schafen a Schaffen steets encouragéiert goufen, huet hien d’Konschthéichschoul zu Marseille (FR) a Maastricht (NL) besicht, fir dann 2018 schlussendlech op der “Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschafft” zu Bonn/Alfter (DE) am Fachberäich Bildhauerei säi Bachelor fir bildend Kënscht ze absolvéieren.

Schonns wärend dem Studium huet de Michel Metzler virzuchsweis am Stol an am Steen geschafft a sicht elo no verschiddene Weeër des Materialien ze kombinéieren. Och wann d'Motiver vun de Wierker verschidde sinn, verbënnt se, nieft dem Choix vum Material, ëmmer d'Thematik vum Zerfall an der Vergänglechkeet, déi sech an dem oxidéierten a beschiedegten Material erëmspigelt, waat hinnen en antike Schäi verleet. Seng Wierker solle verzauberen, eng mysteriéis Atmosphär kreéieren an de Betruechter iwwert Zäit, Vergaangenheet a Vergänglechkeet nodenke loossen. Seng Wierker wëlle verzauberen, eng mysteriéis Atmosphär schafen an de Betruechter opfuerderen, iwwer d’Geschicht, d’Zäit an d’Vergänglechkeet nozedenken. Mat senge Wierker wëll de Michel Metzler all Betruechter e Moment vu Faszinatioun schenken an e mat op d’Rees huelen.

Photo : ©Michel Metzler
SAMURAÏ HELMET, EDO PERIOD
2017-21 
Forgerie, acier et fil de cuivre
45 cm x 38 cm x 28 cm

Photo : ©Michel Metzler SAMURAÏ HELMET, EDO PERIOD 2017-21 Forgerie, acier et fil de cuivre 45 cm x 38 cm x 28 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter