Molling Pit
Molling Pit

Molling Pit

De Pit Molling gouf 1984 zu Lëtzebuerg gebuer an huet op der FADBK zu Essen säin Diplom gemaach. Iwwer den 3D FDM-Drock (Fused deposition modeling) wëll hien déi universal ästheetesch Struktur vun der Welt an digitaler Form afänken, fir se an der Realitéit ze reproduzéieren.

De Kënschtler interesséiert sech fir d’Evidenz vun der digitaler Konscht an hannerfreet d’Warhaftegkeet vun der virtueller Welt unhand vun der Konscht. Hie versicht dobäi, der aktueller Tendenz vun enger onperséinlecher, liichter an amüsanter Konscht ze widderstoen, andeem hie refuséiert, seng Aarbecht op en einfachen, konsuméierbare Kulturproduit ze reduzéieren.

„Dem Pit Molling senge Wierker feelt et ni u Raffiness oder Charakter. D’Epidermis vu sengen 3D-Dréck erënnert dacks u reng gewieften Textilien a fixéiert esou d’Modernitéit vun der Technik an eisem eegene Kontext an an eisem Alldag. Déi ënnerschiddlech Texture fänken d’Liicht an a ginn de Skulpturen doduerch vill Kraaft an eng gräifbar Mobilitéit.

De Kënschtler zéckt och net, op Forme vum klassesche Modernismus ze verweisen, besonnesch op déi vun der organescher Skulptur. A genee dat ass Ausdrock vun der Intelligenz a vum Interêt vum Pit Molling senger Demarche: eng Symbios tëschent den natierleche Formen an der 3D-Drocktechnik entstoe loossen, andeem seng Aarbecht tëschent traditioneller Inspiratioun a moderner Schaffweis navigéiert.” 

Reductionism II, 2023, Impression 3D (Acide polylactique), 63 x 35 x 56 cm

Reductionism II, 2023, Impression 3D (Acide polylactique), 63 x 35 x 56 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter