Nathalie Siebenaler
Nathalie Siebenaler

“Mat faarwegen Drocken, Molereien a Fotoe bréngen déi bequem Stëfter eng Grëtz Fantasie an de stressegen Alldag an erfrëschen d’Iddien an de Geescht.”

Nathalie Siebenaler

D’Nathalie Siebenaler, Kënschtlerin, Designerin a Stylistin ass an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz opgewuess. Si huet als Stylistin an Däitschland, zu Paräis, an Australien an a Südkorea geschafft, ier si sech zu Lëtzebuerg néiergelooss huet. By Siebenaler ass 2010 duerch de Wonsch Konscht a Moud ze verbannen entstan. Mat faarwegen Drocken, Molereien a Fotoe bréngen déi bequem Stëfter eng Grëtz Fantasie an de stressegen Alldag an erfrëschen d’Iddien an de Geescht.


Ausser hirer Foulardskollektioun kann een och Hochzäits- an Oweskleeder, déi op Mooss gemaach ginn, fannen.


D’Léift zur héichwäerteger Qualitéit an zum Savoir-faire, déi si an den Haiser vun der Haute Couture wéi Constantino&Ravaillac oder Ji Haye fir d’Yumi Katsura geléiert huet, drécken sech komplett an der schéiner Qualitéit vun de Materialien an de Finitiounen aus. By Siebenaler krut de Label «Made in Luxembourg» fir d’Realisatioun vu senge Foularden a Kleeder, mat Garantie op eng héichwäerteg handwierklech Fabrikatioun.

Shadow Dress, 2015,
robe de mariée en satin et chiffon de soie,
pièce unique

Shadow Dress, 2015, robe de mariée en satin et chiffon de soie, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter