Pascale Seil
Pascale Seil

“Elle crée d'exclusives et uniques sculptures en verre soufflé souvent inspiré de la nature qui l'environne.”

Pascale Seil

D'Pascale Seil ass 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, wou si de gréissten Deel vun hirem Liewe verbréngt. Si mécht hiren Ofschloss 1987 am Lycée technique des Arts et Métiers vu Lëtzebuerg a studéiert da weider bis 1991 op der École des Arts Décoratifs vu Stroossbuerg. Do entdeckt d'Pascale hir Passioun fir d'Glasbléiserei. Faszinéiert vun dëser Konscht geet si op Saumur am Val de Loire, fir do dem Scott Slagermann, engem international bekannten, amerikanesche Glasbléiser, ze assistéieren. 1995 kritt si hiren Diplom als Glasbléiserin um Centre Européen de Recherches et de Formation aux Arts Verriers de Vannes le Châtel (Meurthe- et-Moselle). Am charmante Bäerdref am Häerz vum Mëllerdall huet si hiren eegene Glasbléiseratelier. Si produzéiert do Konschtobjete fir d'Dëschdekoratioun an eenzegaarteg an exklusiv Skulpturen, woubäi si sech dacks un der Natur ronderëm Bäerdref inspiréiert. Si kreéiert och individualiséierten a personaliséierte Luuchten.

An hire Wierker benotzt d’Pascale fir d’Keramikmolerei lokal Matièren. Sou sammelt si z. B. den Toun op verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg an, verwandelt en a Pigmenter a fierft domat de Parzeläin an de Sandsteen. Esou ergëtt sech fir all Regioun eng aner Faarf.


 

 

Métamorphose, 2023, verre soufflé, H870mm L700mm l 60mm, Photo portrait : François Golfier

Métamorphose, 2023, verre soufflé, H870mm L700mm l 60mm, Photo portrait : François Golfier

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter