Lëtzebuerg als Éieregaascht - REVELATIONS 2019

28/05/2018

No Korea am Joer 2015 an dem Chile am Joer 2017 ass Lëtzebuerg am nächste Fréijoer Éieregaascht op der Biennale Internationale des Métiers d’Art et de la Création Contemporaine (International Biennale vun de Konschtberuffer an der Zäitgenëssescher Kreatioun), REVELATIONS, där hir 3. Editioun am prestigiéise Kader vum Grand Palais zu Paräis ass.

Eenzegaarteg Plattform fir all déi international Acteure vun der Kreatioun, hunn Les Ateliers d'Art de France, Organisateure vun REVELATIONS, Lëtzebuerg ënnert ronn drësseg Kandidate selektionnéiert, an dat wéinst der Diversitéit vu senge Savoir-fairen an dem Talent vu senge Konschthandwierker.

Gedroe vun der Associatioun "De Mains de maîtres" ënnert der Schirmherrschaft vun LL.AA.RR. dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie, weist de Grand-Duché zu Paräis säi Räichtum, seng Energie a seng Diversitéit, déi déi kreativ Vitalitéit vun de Lëtzebuerger Talenter auszeechent. Räich  u Savoir-fairë vereent Lëtzebuerg Traditioun an Innovatioun.

Am Uschloss un "De Mains de maîtres" hat de lëtzebuergesche Savoir-faire a säi Konschthandwierk sech eng éischte Kéier am Mee 2017 am Grand Palais ënnert eelef Gaaschtlänner bei der Ausstellung "Le Banquet" presentéiert . Als Éieregaascht stellt Lëtzebuerg, e Land, dat an d'Zukunft geriicht ass, elo erëm zu Paräis aus.

Fir dës Editioun gi ronn zwanzeg Länner erwaart. Si regruppéiere méi wéi 400 Kënschtler aus der Matière, aus Manufakturen, Galerien, Maison-d'excellencen,  Fondatiounen an Institutiounen.

D'Associatioun "De Mains de Maîtres Luxembourg" huet als Zil, déi Aktioun, déi 2016 vun S.A.R. der Ierfgroussherzogin an d'Liewe geruff gi war, weiderzeféieren an ze entwéckelen. Dës Aktioun soll déi Lëtzebuerger Handwierker a Konschtschafend op enger Biennale vun de Konschthandwierker um 19 Liberté zesummeféieren, mee och den handwierkleche Savoir-faire vu Lëtzebuerg an Europa an uechtert d'ganz Welt  exportéieren. Si soll och déi onverzichtbar Transmissioun fir d'Erhale vun dëse Beruffer privilegéieren.


 

INFORMATIONS PRATIQUES RÉVÉLATIONS
DU 22 AU 26 MAI 2019 • Grand Palais, Paris
www.revelations-grandpalais.com

Lëtzebuerg als Éieregaascht - REVELATIONS 2019

L’association De Mains De Maîtres Luxembourg lance un appel à candidatures

Porté par l'assocation De Mains De Maîtres Luxembourg, c’est avec le prestigieux statut de « pays d’honneur » que le Luxembourg dévoilera toute sa richesse créative à Paris en mai 2019.

Lëtzebuerg als Éieregaascht - REVELATIONS 2019

Les Métiers d’Art au cœur des missions "De Mains De Maîtres"

Porté par l'assocation De Mains De Maîtres Luxembourg, c’est avec le prestigieux statut de « pays d’honneur » que le Luxembourg dévoilera toute sa richesse créative à Paris en mai 2019.

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter