Pernar Karolina
Pernar Karolina

Pernar Karolina

D'Karolina Pernar ass 1978 zu Zagreb a Kroatien gebuer. Si huet zu Perugia an Italie studéiert an do hire BFA mat Mentioun op der Konschtakademie „Pietro Vannucci“ am Departement Skulptur kritt. Si lieft a schafft zanter 2015 zu Lëtzebuerg.

Mat hire Wierker hannerfreet si déi virgefäerdegt Iddien an d'Erwaardunge vum Publikum a stellt d'Aspekter vu Perceptioun, Erënnerung, Zäit a Raum a Fro. Hir Aarbecht zeechent sech haaptsächlech doduerch aus, datt si de Raum vun der Galerie als Kader benotzt, fir hir kënschtleresch Aarbecht ze definéieren an den imaginäre Raum als authentesch Plaz fir Konscht asetzt. D'Simplicitéit vun der Form ass en ästhetesche Choix, mat deem si eng Zort Vide schafft, e Raum, deen dem Beobachter d'Méiglechkeet gëtt, seng Dimensiounen a seng Bedeitung individuell ze entdecken. D'Spannung tëschent Multiplicitéit an dem Vide ass e wichtegen Aspekt vun hiren Installatiounen. E Vide ass en aktive Raum vun der Perceptioun, deen de Spectateur opfuerdert, en imaginäre Volumen an engem oppene Raum mat opzebauen. Andeem si Skulpturen, Installatiounen, Video a Collage matenee kombinéiert, erfuerscht si, a wéi eng Richtungen d'Konzept vun der Skulptur sech ausdeene kann, wéi eng Raim d'Skulptur anhuele kann, an deemno, wat eng Skulptur alles ka sinn.

Dyad, 2023, bois, 90x120x30cm, Photo portrait : Miikka Heinonen, Photo oeuvre : Diogo dos Santos / DS Visuals

Dyad, 2023, bois, 90x120x30cm, Photo portrait : Miikka Heinonen, Photo oeuvre : Diogo dos Santos / DS Visuals

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter