Éischt Bourse „De Mains De Maîtres“ fir d’Sarah Meyers

17/01/2018

Fir d’Erhale vum Handwierk an dem Savoir-faire, deen dozou gehéiert, huet d’Associatioun eng „Bourse d’Excellence“ geschaf. Dës soll zukünftegen, mee och schonn etabléierte Kënschtler d’Méiglechkeet bidden, hiert Handwierk am Ausland weider ze perfektionéieren. Dës Bourssen, déi reegelméisseg ausgestallt ginn, ginn deels mam Erléis vun den Ausstellunge finanzéiert, op deenen all d’Wierker déi presentéiert ginn, och kënne kaf ginn.

Eng etlech Dossieren, all esou verschidden ewéi interessant esouwuel an der Form vun der Demande wéi an der Aart a Weis vun der Presentatioun, goufe bei der Associatioun „De Mains De Maîtres“ agereecht.

Fir de Jury, zesummegesat aus der Ierfgroussherzogin, dem Här Roland Kuhn, der Madame Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, dem Här Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, assistéiert vum Här Jean-Marc Dimanche, Kommissär vun der Ausstellung „De Mains De Maîtres“, war d'Decisioun net einfach. Schlussendlech ass awer de Choix eestëmmeg op d’Madame Sarah Meyers gefall. Déi éischt Zeremonie vun der Remise de Bourses war dunn de 17. Januar 2018 an der Chambre des Métiers, a Präsenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel.


 

 Éischt Bourse „De Mains De Maîtres“ fir d’Sarah Meyers

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter