Sam Tho Duong
Sam Tho Duong

“Säi Virwëtz ass eréischt da gestëllt, wann hien e Material komplett exploréiert huet an et vu sengen alldeeglechen Associatioune befreit huet. ”

Sam Tho Duong

De Sam Tho Duong ass am Vietnam gebuer, mee ass spéider an Däitschland geplënnert, wou seng Kënschtlercarrière sech entwéckelt huet. Den Duong inspiréiert sech ganz vill un natierleche Materialien, hiren Texturen an hire Formen. Wann een an dem Artist seng Wunneng erakënnt, ass direkt kloer, dass Planzen en Haaptbestanddeel vu sengem Liewe sinn. Hien huet seng éischt Aarbecht mat der Ingwerwuerzel ugefaangen a schafft haut mat enger grousser Gamm vu Planzen a Grouwen, integréiert awer doran zousätzlech Materialie wéi Vernis, Edelsteng an Edelmetaller. Doraus entsti Wierker, déi d'Originalform vum natierleche Material a Valeur setzen an dobäi eng nei dekorativ Funktioun kréien. Säi Virwëtz ass eréischt da gestëllt, wann hien e Material komplett exploréiert huet an et vu sengen alldeeglechen Associatioune befreit huet.


Den Duong huet als Designer schonn dacks Präisser kritt. Hie schafft weider gläichzäiteg u verschiddenene Projete, wat him an de Materialien d'Zäit gëtt, sech nach weider ze entwéckelen.

PHOTO: ©Sam tho duong
LEMITCA, necklace/object VC1, 2012, perles de culture, onyx, 30 bouteilles de plastique recyclées

PHOTO: ©Sam tho duong LEMITCA, necklace/object VC1, 2012, perles de culture, onyx, 30 bouteilles de plastique recyclées

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter