Schmit Christiane
Schmit Christiane

Schmit Christiane

D’Schmuckdesignerin Christiane Schmit koum 1951 zu Lëtzebuerg op d’Welt. Hir Konschtstudien huet si op der E.C.B.A. zu Lausanne an der U.S.H.S. zu Stroossbuerg gemaach, déi si do mat enger Maîtrise en Arts Plastiques ofgeschloss huet. Zënter 1980 ass si Member vum CAL. Hir Aarbechte waren an Eenzelausstellungen an de Galerië Bradké, Simoncini oder och nach der Galerie d’Art Municipale d’Esch-sur-Alzette ze gesinn souwéi a Gemeinschaftsausstellungen zu Lëtzebuerg, an Däitschland, a Frankräich, zu Moskau an zu Lausanne. 2012 schreift si sech am Atelier de Bijouterie vun der Académie Royale des Beaux-Arts zu Arel an. Hir Kreatiounen inspiréiere sech un der Natur mat hire villerlee Formen, Strukturen an Texturen. De Faarfkontrast entsteet bei hiren Aarbechten duerch d’Zesummesetzung vun ënnerschiddlech texturéierten, och gehummerten, Materialien.

Fir dës Ausstellung benotzt d’Christiane Schmit an hire Kreatiounen de Buedem a seng Rostoffer, d’Holz an d’Metall, a verweist esou op hir Passioun fir de Reitsport. Op hiren Ausrëtter sammelt d’Kënschtlerin Steng an Holzstécker mat interessante Relieffen, fir hir organesch Struktur ze analyséieren a se an hir Metallkreatiounen ze integréieren.

Série "Rimbaud", 2022, Pierre brute (quartz) et caoutchouc, Photos Hanna Meyer

Série "Rimbaud", 2022, Pierre brute (quartz) et caoutchouc, Photos Hanna Meyer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter