Serge Ecker et Eloi Besenius
Serge Ecker et Eloi Besenius

Serge Ecker et Eloi Besenius

De Serge Decker gouf 1982 zu Esch-Uelzecht gebuer an huet zu Nice eng Formatioun fir digital Bildbeaarbechtung a Spezialeffekter gemaach. Hien interesséiert sech fir d’Duerstellung vun der Realitéit aus dem Bléckwénkel vun den neien Technologien: Software fir eng nei Zesummesetzung vu Raim, Geolokalisatiounsfotoen an 3D-Drock sinn d’Instrumenter vun dësem Kënschtler, deen de Raum an d’architektonesch Form ëmgestalt.

Den Eloi Besenius staamt aus enger Famill vu Schmatten iwwer sechs Generatiounen. Am Arts et Métiers (LU) huet hien eng Schlässerléier gemaach an dës an der „Lehrwerkstatt der Stadt Bern“ (CH) ergänzt. Duerno huet den Eloi säin Handwierk am Konschtschlässerei-Atelier Heinz Bracher zu Dietikon (CH) an an der Konschtschlässerei Otto Jägle zu München (DE) perfektionéiert. 1974 iwwerhëlt hien d’Schmëdd vu sengem Papp, dem Meeschterschmadd Charles Besenius, a spezialiséiert sech op d’Konschtschlässerei an d’Restauratioun vun ale Gitteren.

D’Wierk vum Serge Ecker ass eng Synthees tëschent dem kënschtleresche Schafe mathëllef vun digitalen Techniken an enger reng handwierklecher Ausféierung. D’Erausfuerderung besteet an der Verwandlung vun enger kënschtlecher Form an e reale Kierper, deen aus dräieckegen Inoxblecher besteet. Fir déi eenzel Inoxdeeler (+- 300 Stécker) op d’Mooss ze schneiden, konnten ausschliisslech digital gesteiert Maschinne benotzt ginn. Zesummegesat ginn dës Deeler „fräihänneg”, andeem se fir d’éischt geschweesst an duerno geschlaff ginn, fir hir definitiv Form ze kréien.

Myriam, 2023, Inox, 60x40 cm H=250cm, Photos portrait : Lex Besenius et Marion Dessard

Myriam, 2023, Inox, 60x40 cm H=250cm, Photos portrait : Lex Besenius et Marion Dessard

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter