Simone Pheulpin
Simone Pheulpin

“Si huet eng komplett nei Ëmsetzung vum Stofft entdeckt, en technescht Kënnen, dat sengesgläiche sicht.”

Simone Pheulpin

D’Simone Pheulpin,Textilskulpteurin, ass 1941 zu Nanzeg a Frankräich gebuer. Si lieft tëschent Puteaux an de Vogesen. D’Material, mat deem dës ongewéinlech Kënschtlerin schafft, ass mat eent vun deenen einfachsten: Bandë vun engem net gebleechte Calicot, e réie Kotteng, deen si haut nach an de Vogesen fënnt. Déi Matière kennt een net méi erëm, si modifizéiert se an hirer Struktur a Form doduerch, dass si hir an  dichten a reegelméissege Couchë vu ganz renge Plisen, déi op der Récksäit mat Nolen zesummegehale sinn, eng nei Form gëtt. D’Wierker, déi dobäi entstinn, intrigéieren op eng speziell Aart a Weis. Et mengt ee Mineralien ze gesinn. D’Plisen hunn e geologeschen Aspekt, gläichzäiteg hunn d’Formen eppes Organesches. Et weess een net, ob se aus der Déieren- oder Planzewelt kommen, wann do net deen «Déiersteen», deen d’Muschele sinn, opdaucht.


Si war ni op enger Konschtschoul, mee de Graphismus vun hire Schieder ass sécher, si huet ni geléiert ze modeléieren oder ze schneiden, mee si baut hir Volumen op mat engem absolute Sënn fir d’Skulptur. Si huet eng komplett nei Ëmsetzung vum Stofft entdeckt, en technescht Kënnen, dat sengesgläiche sicht.

PHOTO: © Simone Pheulpin
Croissance IV, 2016, sculpture textile, coton brut, épingles,
H 90 x L 9 5 x P 2 2 cm, pièce unique

PHOTO: © Simone Pheulpin Croissance IV, 2016, sculpture textile, coton brut, épingles, H 90 x L 9 5 x P 2 2 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter