Solar Alejandra
Solar Alejandra

Solar Alejandra

D'Alejandra Solar gouf 1975 zu Mexiko gebuer, zanter 2009 lieft a schafft si zu Lëtzebuerg. No hirem Diplom am grafeschen Design decidéiert si weiderzestudéieren, a went sech der moderner Bijouterie zou, fir d'éischt op der Universitéit vum Oregon an Amerika, duerno a Spuenien op der Escola Massana an an Däitschland, wou si e Master an der Konscht op der Universität für Angewandte Kunst vun Tréier, Campus Idar-Oberstein, kritt. Hir Wierker goufen a ville Bicher, Zäitschrëften a Kataloge verëffentlecht an a villen internationalen Ausstellunge gewisen. D'Alejandra Solar fotograféiert a sammelt Biller aus hirem dagdeegleche Liewen. Dono wielt si Personnagen, Landschaften a Géigestänn, déi si entdeckt huet, aus a setzt se an en neie Kontext voller Mystik a Fantasie. Hire Choix vun Ästheetik ass minimalistesch, sober an ënnerschwelleg dramatesch. D'Biller stinn am Widdersproch zu de kalen, dacks däischtere Masse vu Steng, déi si mat beandrockender a raffinéierter Geschéckerlechkeet formt a modelléiert.

D’Kënschtlerin behandelt d’Theema vum Territoire unhand vu Fragmenter vu Biller, déi si an hirem Hierkonftsland, Mexiko, an an hirem Wunnland, Lëtzebuerg, gesammelt huet. Et ass e Recueil vun isoléierten Elementer, déi nei Geschichten opbauen, andeem si sech enk mat de Steng verbannen.

Bosque, 2023, Pierre (arkansa), Photos : Keven Erickson et Krystina Dul

Bosque, 2023, Pierre (arkansa), Photos : Keven Erickson et Krystina Dul

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter