Sophie Théodose
Sophie Théodose

“Am Géigenzuch zu den etabléierten Iddien, wat dës ikonographesch Traditioun ubelaangt, huet si d'Konzept vun der Enluminure XXL entwéckelt.”

Sophie Théodose

Als Bildkonscht, déi doranner besteet, an al Texter duerch Blatgold "d'Luucht eranzeloossen", hunn d'Buchmolerei an d'Billerhandschrëft hir Wuerzelen am Mëttelalter. Den Enlumineur (Buchmoler) beweist e Savoir-faire, wou de Geste, präzis a meticuléis, eng kapital Wichtegkeet huet. Dobäi kënnt de Gebrauch vu wäertvolle Matièrë wéi Geessen- oder Bëtschel-Pergament, natierleche Pigmenter, Gold, Sëlwer.


Als Buchmolerin verbënnt d'Sophie Théodose zënter 2005 de mëttelalterleche Savoir-faire mat der aktueller "Patt" vum Konschthandwierker. Hir zäitgenëssesch Aarbecht ass um Schnëttpunkt vun de Metiere fir Dekoratioun a Luxus. Am Géigenzuch zu den etabléierten Iddien, wat dës ikonographesch Traditioun ubelaangt, huet si d'Konzept vun der Enluminure XXL entwéckelt. Nei erfonnt an zum Dekoratiounsobjet oder zur Wanddekoratioun verwandelt,  dréit dëst raffinéiert  Wierk  zur Opwäertung vun de Banneraim an enger wesentlecher Harmonie bäi.

PHOTO: ©Kasia Szarkiewicz
ENTRELACS, 2018, feuilles d'or sur mordant, encre, gouaches, socle gainé de parchemin de chèvre.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter