Max Steffen & Kai Hengen
Max Steffen & Kai Hengen

“Eng Approche mat engem kreativen zäitlosen Design, op Mooss gemaach mat nohaltegen an ëmweltfrëndleche Materialien.”

Max Steffen & Kai Hengen

De Max Steffen, am November 1982 zu Lëtzebuerg gebuer, huet industriellen Design zu Pforzheim an Däitschland studéiert. Hie war Deel vun der kreativer Equipe vum Studio Ora-Ito zu Paräis, éier hie fir international Marken an Agenture wéi Vodafone, Paco Rabanne, Coast & Sky, Damir Doma, Thule an Ogilvy & Mather geschafft huet. 2013 huet de Max säin eegenen Designstudio zu Bréissel opgemaach, ëmmer mam Wonsch, déi strategesch Welt vum industriellen Design mat der Welt vun de Moudeaccessoirë ze kombinéieren. Am Summer 2018 huet hie sech The North Face a Kalifornien als Direkter vum Equipment Design ugeschloss.


De Kai Hengen ass 1979 zu Lëtzebuerg gebuer an huet säi Master 2004 zu Wolz ofgeschloss. 2010 grënnt hien d’Boutique « Modulor Menuiserie + Design S.A. » zu Miersch, wou hien eng Auswiel u konschthandwierklechen Objeten a verschidden Designstécker- a miwwelen ubitt. Vum Konzept bis bei d’Realisatioun vu Bannendekor iwwer d’Offer vun einfache Miwwelstécker schwätzt seng Aarbecht eng kloer Sprooch fir eng Approche mat engem kreativen zäitlosen Design, op Mooss gemaach mat nohaltegen an ëmweltfrëndleche Materialien.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
BANC, 2018, bois, fer et corian

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen BANC, 2018, bois, fer et corian

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter