Tine Krumhorn
Tine Krumhorn

Tine Krumhorn

Mat hirem Diplom vun der Ecole Supérieure des Arts Appliqués vu Metz an der Täsch fänkt d'Tine Krumhorn als Dekoratiounsassistentin an de Bühnenbild- Atelieren vum Metzer Theater un.

An där selwechter Stad mécht si och hiren eegenen Atelier op a gëtt Member vun den Ateliers d’Art de France. Zanterhier markéiere vill international Ausstellungen hire kënschtleresche Parcours, genee ewéi eng Rei vun Auszeechnungen, dorënner de Präis „Vever Art & Tradition“ vun der Académie Nationale de Metz. 2015 installéiert si hiren Atelier zu Lëtzebuerg, fir d'éischt am 1535° zu Déifferdeng, dono zu Iechternach.

Zanter ronn zwanzeg Joer schafft d'Tine mat Kartrong, enger Matière, déi si ëmmer nees faszinéiert, an där si den Numm „CarTex“, Carton- Texture, ginn huet. Am Ufank huet d'Aarbecht mat dësem Material hir Fantasie ugereegt, fir funktionell Skulpturen, eenzegaarteg Objeten, ze kreéieren, déi si gären an Zeen setzt. Si verwandelt gär d’Matière, fir se „onkenntlech” ze maachen, andeem si d’Textur ofnotzt oder Patinne benotzt, déi si selwer hierstellt. Eng Matière, déi hir ëmmer nees nei Méiglechkeete bitt, wéi an hire leschte Realisatiounen, wou si mat Luucht a Biller spillt.

D’Biller „Paysages Intérieur” spigelen d’Introspektioun vum Mënsch a vu senger Bezéiung zur Natur erëm. Déi nei interpretéiert Landschaft verwëscht d’Grenzen tëschent der Molerei an der Fotografie.  Diplômée de l’Ecole Supérieure des Arts Appliqués de Metz, c’est en qualité d’assistante décoratrice que Tine Krumhorn débutera dans les ateliers de décors du théâtre de Metz. Elle ouvre son atelier de création dans cette même ville et devient membre des Ateliers d’Art de France. Depuis, de nombreuses expositions à l’international jalonnent son parcours artistique et plusieurs récompenses dont le prix « Vever Art & Tradition » de l’Académie Nationale de Metz, lui ont été décernées. C’est en 2015 qu’elle installe son atelier au Luxembourg, d’abord au 1535° à Differdange, puis à Echternach.

Le printemps des oiseaux, 2023,impression, papier, pastels, 3 panneaux de L51 x H 152 cm

Le printemps des oiseaux, 2023,impression, papier, pastels, 3 panneaux de L51 x H 152 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter