Wouter Van Der Vlugt
Wouter Van Der Vlugt

Wouter Van Der Vlugt

 

 

De Wouter van der Vlugt, vun hollännescher Ofstamung, ass 1970 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien ass zënter méi wéi 10 Joer Holzskulpteur, mee huet seng Carrière als selbstännege Kënschtler als Miwweldesigner ugefaangen. Grënnungsmember vum Collectif Sixthfloor schafft de Wouter van der Vlugt zënter 2001 a sengem Atelier op der Neimillen, enger aler Seeërei zu Käerch. Am Wierk vum Wouter van der Vlugt fënnt een dacks architektonesch Elementer, déi hien den organesche Formen entgéintsetzt. Et schéngt, wéi wann hie ganz déif an d’Matièrë géif goen, fir hir wierklech Natur ze entdecken, do wou de Vide an de Volume openeen treffen. Och wann hien am léifste mat Holz schafft, experimentéiert hien awer heiansdo mat der Glasfaser, engem Material, dat et dem Kënschtler erlaabt, sech nach op eng aner Manéier auszedrécken.


 

 

 

 


 

Singularity I, 2023, noyer, ⌀ 50cm, Portrait : Mikka Heinonen

Singularity I, 2023, noyer, ⌀ 50cm, Portrait : Mikka Heinonen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter