Zaiga Baiza
Zaiga Baiza

“D'Zaiga sculptéiert gär d'Glas, duerchsiichteg, hell, schwéier an awer sou liicht, lëfteg a magesch.”

Zaiga Baiza

D'Zaiga Baiža, 1964 zu Riga a Lettland gebuer, lieft zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg. An hirem Atelier zu Aasselbuer schafft si mam Lëtzebuerger Artist Robert Emeringer fir ëffentlech Optreeg an d'Restauratioun vu gliesenen Objeten a Fënsteren. D'Zaiga huet Skulptur, Molerei a Glasdesign studéiert an huet e Master an der Konscht vun der Konschtakademie vu Lettland. Fir déi verschidden Techniken ze entdecken, war si op der Konschtakademie vu Lviv an der Ukraine an op der Experimental Glass Factory Lviv. Zënter 2006 organiséiert si de Festival International du Verre zu Lëtzebuerg grad wéi divers aner international Ausstellungen.


D'Zaiga sculptéiert gär d'Glas, duerchsiichteg, hell, schwéier an awer sou liicht, lëfteg a magesch. Hir Kreatiounen entstinn aus verschiddenen Techniken wéi Glaspast, Thermoformung, Gravure, Molerei a Glasgéissen. Si kombinéiert besonnesch gär d'Glas mat anere Matièrë wéi Metall, Steen oder Keramik an engem aussergewéinlechen, bal feeënhaften Zesummespill, dat déi verrécksten Expressiounen erlaabt, dat d'Dieren opmécht fir déi fantasievollst Dreem an dat mé

PHOTO : ©Zaiga Baiza Emeringer
FROM THE BEGINNING TO THE END, 2018, verre de cristal coulé sur des bouchons de vin
100 x 100 cm, pièce unique

PHOTO : ©Zaiga Baiza Emeringer FROM THE BEGINNING TO THE END, 2018, verre de cristal coulé sur des bouchons de vin 100 x 100 cm, pièce unique

  • newsletter Subscribe to our Newsletter